Selbstverständlech gouf och eng Gedenkminutt fir de Grand-Duc Jean ageluecht.
Nom Éierewäin, dee vun der Gemeng beim Schlass offréiert gouf, goung et dunn en Tour iwwer d’Ausstellung.

108 Exposante waren dëst Joer derbäi, ze fanne si Gaardemiwwel, Deko fir de Gaart an Haus, awer och natierlech Planzen, Blummen, Kraider, Geméis an alles, wat de gréngen Daum brauch.
Fir Iessen an Drénken war beschtens gesuergt. Net ze vergiessen sinn awer och d’Kanner, déi mat vill Éiergäiz de ganzen Dag gehollef hunn, sief et mat der Schubkar oder mat Gokart an Unhänger, woumat si de Leit hir Saachen an den Auto gefouert hunn.

Et war wéi all Joers derwäert, de Wee op Ierpeldeng un der Sauer ze fannen.