E Schatz an der Täsch?Déi 5 deiersten 2-Euro-Mënzen

RTL Lëtzebuerg
Kuckt mol gutt an Äre Portmonni oder an Är Spuerbéchs: Verschidden 2-Euro-Mënze kéinte vill méi wäert si wéi hiren Nennwäert.

All Land aus der Eurozon ka pro Joer zwou Gedenkmënzen ausdeelen.

Dës Mënzen hunn déi selwecht Eegenschafte wéi déi regulär 2-Euro-Mënzen. Den eenzegen Ënnerscheed ass d’Gedenkmotiv op der nationaler Säit. An nëmmen d'2-Euro-Mënz kann als Gedenkmënz ausgedeelt ginn. Aus dësem Grond si verschidden 2-Euro-Mënze vill Geld wäert, e puer honnert Euro a souguer 2400 Euro fir de Gral vun de Sammler, wéi Dir um Enn vun dësem Klassement entdecke wäert.

LËTZEBUERG

Op der fënnefter Plaz vum Klassement ass zwar net déi deierst, ma awer déi Lëtzebuergesch Mënz.

Mat enger Oplag vu 500.000 Stéck weist dës Mënz op der lénker Säit de Portrait vum Groussherzog Henri am Dräivéirelsgesiicht. Op der rietser Säit fungéiert de Wopen vum Groussherzog, mat der Joreszuel vun der Ausgab: 2010.

Hire Wäert: 15 Euro.

FINNLAND

Op der véierter Plaz vun eisem Klassement fungéiert eng Mënz, där hire Wäert ëm de Facteur 20 geklommen ass.

Eng Millioun vun dëse Mënze sinn 2004 a Finnland rauskomm, fir un d’Erweiderung vun der Europäescher Unioun op zéng Memberstaaten ze erënneren.

De Präis läit momentan bei 40 Euro.

SAN MARINO

Vun der drëtter Mënz aus San Marino, ginn et 110.000 Stéck. Datum vun der Ausgab: 2004.

Dëst ass d’Gedenkmënz “Bartolomeo Borghesi”.

Aktuell Offer: 200 Euro.

VATIKANSTAD

Op der zweeter Plaz vun den Top 5 steet dës Gedenkmënz aus der Vatikanstad, déi 2005 fir den 20. Weltjugenddag ausgedeelt ginn ass.

An der Mëtt vun der Mënz fungéiert de Kölner Doum mat engem Koméit, deen driwwer flitt.

Den aktuelle Cours ass 110-mol méi héich wéi hire Nennwäert vun 220 Euro.

MONACO

A schlussendlech déi deierst Mënz aus eisem Klassement, den absolutten Gral fir Sammler vu Mënzen: d'2-Euro-Mënz “Grace Kelly”, déi 2007 an 20.0001 Exemplairë gepräägt gouf.

D’Fürstentum Monaco huet d’Mënz a limitéierter Oplag fir de 25. Doudesdag vum Grace Kelly, der Fra vum Prënz Rainier III, erausbruecht. D’Mënz gouf scho bei hirer Sortie fir 120€ verkaf an hire Wäert ass weider geklommen.

Hire Wäert schwankt haut jee no Qualitéit tëschent 1500 a 2400 Euro.

Back to Top
CIM LOGO