277.200 Wonschziedelen 2018Déi beléifte "Weihnachts"-Post an der Uckermark ass nees op

RTL Lëtzebuerg
Ronn 6 Wochen, dann ass Chrëschtdag, dowéinst ass zu Himmelpfort a Brandenburg déi ganz beléifte "Weihnachts"-Post nees op.

En Donneschdeg huet sech de “Weihnachtsmann” nees op säi Stull um Postbüro gesat an hëlt do honnertdausende vu Bréiwer vu Kanner aus der ganzer Welt entgéint. Scho virum éischten Dag si ronn 6.000 Wonschziedelen dohi verschéckt ginn. Dee längste Wee hat e Bréif aus Australien.

D’lescht Joer hunn am Ganze bal 277.200 Kanner hir Wënsch op Himmelpfort geschéckt, ronn 10.300 Bréiwer koumen aus dem Ausland, déi meescht aus dem Taiwan, Polen a Russland. Donieft hunn iwwer 20.000 Visiteuren hir Ziedele perséinlech op der Chrëschtdagspost ofginn, déi bis d’Feierdeeg all Dag op huet.
Sämtlech Bréiwer gi vum Hellege Mann a sengen 20 Geselle bis Chrëschtdag beäntwert. Ma fir mat Zäiten eng Äntwert ze kréien, solle d’Bréiwer bis spéitstens den 3. Advent ofgeschéckt sinn.

Himmelpfort ass déi gréisste vu 7 “Weihnachts"-Filiale vun der Deutschen Post, bei deenen am Ganzen net manner wéi 589.000 Wonschziedelen agaangen sinn. Meeschtens fënnt ee se do, wou den Numm vun der Uertschaft e Bezuch op den Himmel huet oder zum Weihnachtsmann. Nieft Himmelpfort gëtt et nach Himmelsthür, Himmelpforten sou wéi Nikolausdorf an Niedersachsen, Engelskirchen an Nordrhein-Westfalen, Himmelstadt a Bayern an St. Nikolaus am Saarland.

D’Adress zu Himmelpfort ass zum Beispill: Weihnachtspostfiliale, 16798 Himmelpfort. Dëse Postbüro gëtt et schonn zanter 1984. Deemools hunn 2 Kanner aus Berlin a Sachsen hire Wonschziedel dohi geschéckt. Vun do u sinn et ëmmer méi ginn. 1995 waren et der sou vill, dass 2 Leit hu missen engagéiert ginn, elo sinn et der schonn 20.

Back to Top
CIM LOGO