Zu New YorkDéi berühmte Stréckjackette vum Kurt Cobain gëtt versteet

RTL Lëtzebuerg
D'Jackette vum verstuerwenen Nirvana-Sänger Kurt Cobain kënnt dës Woch zu New York ënnert den Hummer.
© AFP

D’Auktiounshaus “Julien’s Auctions” rechent mat engem Erléis tëscht 200.000 an 300.000 Dollar (ëmgerechent 179.000 an 269.000 Euro) fir d’gestréckte Jackette, déi de Grunge-Museker bei der Opnam vum “Unplugged"-Album am Joer 1993 unhat.
Dës Jackette wier dat wichtegst Kleedungsstéck, dat de Sänger jeemools unhat an trotz groussem Zigarette-Brandlach wéi den “Hellege Gral” vum Cobain-Gezei ze gesinn. Schonn 2015 war d’Jackette versteet ginn, fir 137.500 Dollar.

Bei der Stee gëtt och d’Fender-Mustang-Gitarr fir Lénkshänner versteet, déi de Cobain bei senger Tour “In Utero” gespillt hat. D’Instrument kéint 500.000 Dollar abréngen.

Bei der Stee “Ikonen an Idoler: Rock’n’Roll” e Freideg an e Samschdeg zu New York kommen am Ganzen 700 Objeten aus dem Besëtz vun enger ganzer Rei Musekstars ënnert den Hummer.

Back to Top
CIM LOGO