Coronavirus? Dass ech net laachen!Déi beschte Memes, Fotoen an domm Spréch

RTL Lëtzebuerg
Sou lues misst all Mënsch verstanen hunn, wéi eescht d'Situatioun ëm de Covid-19 ass. Ma sief et nach esou seriö, et muss een och kënne mat Humor huelen.
© Op Facebook entdeckt

Ma d’Panik, déi vu verschidde Mënsche verbreet gëtt, suergt och fir de Géigendeel. Ob elo iwwerdriwwen oder net, sief dohigestallt, am Internet heefe sech zanter dem Coronavirus och eng Heede Wull u Memes, Fotoen a Spréch.

Ma och Dir kënnt op RTL fir gutt Laun suergen. Wat ee muss maachen: Seng Kreativitéit spille loossen an eis e Video mat Ärer witzeger Iddi eraschécken, wéi Dir Iech de Moment beschäftegt kritt.

E Video fir gutt Laun?!Säin Humor soll ee jo och behalen, zemools an Zäiten, an deenen et mol méi schwiereg ass. Mir waren den Internet duerchsichen, dës kleng Sammlung suergt bestëmmt fir dat een oder anert klengt Grinsen...

Hei kënnt Dir ausrechnen, wéi vill Toilettëpabeier Dir braucht, fir den Ausnamezoustand z’iwwerstoen!

© 233793794053102

Back to Top
CIM LOGO