Super Bowl 2020Déi beschte Pub: Mir sichen Äre Favorit?

RTL Lëtzebuerg
De Super Bowl ass net nëmmen e sportlechen Highlight, e bitt och nach eng riseg Marketing-Plattform fir besonnesch kreativ a witzeg Reklammen.
Ze vill Emotioun?
Ze vill Emotioun?
© Screenshot

Bei knapp 100 Millioune Leit, déi de Super Bowl an engem Owend matverfollegen, ass et kloer, dass och de Programm virun a besonnesch tëscht dem NFL-Endspill gutt gefëllt an ënnerhalend muss sinn.

D’Haaptfro mol direkt virop: Wien däerf d’Nationalhymne sangen?

Dëst Joer waren direkt e puer Powerfraen op der Bün zu Miami ze gesinn an 2 dovun hunn d’Hymne gesongen. Iwwerdeems d’Gospel-Sängerin Yolanda Adams “America the Beautiful” zum Beschte ginn huet, huet US-Star Demi Levato déi offiziell Nationalhymne dierfe sangen.

Nodeems Maroon 5 d’lescht Joer gefloppt haten, gouf et an der Hallefzäit dëst Joer esou richteg feiereg mat de Sängerinne Shakira an Jennifer Lopez. Mat hirer Latino-Danzparty hu si de Public esou richteg bei Laun gehalen. Mat hirer Käfeg-Show mat Kanner hu si och nach ee politesche Message hannerlooss. D’Käfeger waren eng Uspillung op dem Trump seng Grenz zu Mexiko, bei där zäitweis d’Kanner vun hiren Eltere getrennt goufen an a Lager koumen.

D’Kolumbianerin Shakira huet ënnert anerem hir Hits “She Wolf”, “Whenever, Wherever” an “Hips Don’t Lie” zum Beschte ginn. Och d’Jennifer Lopez huet mat hirem Medley un Hits wéi “Jenny From the Block” an “Love Don’t Cost A Thing” fir Stëmmung gesuergt.

All Joer sinn et awer och d’Reklammen, déi extra ervirzesträiche sinn. Ëmmerhin, d’lescht Joer hunn d’Pubbe ronn 400 Milliounen Dollar agespillt.

Souguer den US-President Donald Trump an den Demokrat Michael Bloomberg hunn dëst Joer fir all kéiers 10 Milliounen Dollar ee Slot gebucht, dee wärend dem Match tëscht de Kansas City Chiefs an de San Francisco 49ers gespillt gouf. Eng Pub vu knapp 30 Sekonnen zum Beispill soll 5,6 Milliounen US-Dollar kaschten. Deemno heescht et fir all Client, fir dee kuerze Moment extra kreativ an opfälleg ze sinn.

D’Commercials 2020

Back to Top
CIM LOGO