
Nei Fotoe vum Archie, dem Kand vum Prënz Harry a senger Fra Meghan, sinn éischter seelen. Ma een Dag vrun Hellegowend gouf et eng nei Opnam, a Form vun enger Chrëschtdagskaart.
Zanter Mëtt November ass d’Koppel an der Vakanz, gënne sech eng Auszäit a Kanada bei der Mamm vum Meghan Markle. Sämtlech Rendez-vousen an Verflichtunge sinn annuléiert. Si verbréngen d’Feierdeeg och net, wéi et déi royal Traditioun quasi verlaangt, bei der Queen.
RTL NEWS: Chrëschtdagsusprooch vun der Queen Op eng Kaart fir d’Feierdeeg wollten de Prënz Harry an d’Herzogin Meghan awer net verzichten. Och hei net um offiziellen Instagram-Account vun de Sussex-Royals, mä um Twitter-Profil “The Queen’s Commonwealth Trust” huet d’Koppel dat neit Bild vun hirem Bouf gepost.
Ganz vir am Bild, den Archie. De 7 Méint ale Jong kuckt riicht an d’Kamera, iwwerdeems seng Elteren beim Chrëschtbeemche sëtzen an hirem Kand andächteg nokucken. Déi schwaarz-wäiss Kaart ass fir de Rescht ganz klassesch: “Schéi Chrëschtdeeg an e schéint neit Joer vun eiser Famill fir Är”.
Den Timing, d’Kaart ze verëffentlechen war wuel och net vun ongeféier. Se gouf eréischt den 23. Dezember spéit gepost, sou dass keng Zäit méi war se an den engleschen Dageszeitungen ofzedrécken.