Zweet Staffel "Gepëspers um Späicher"Déi éischt Episod mam Désirée Nosbusch

Annick Goerens
Mir sinn zeréck op eisem Späicher. En neien Dekor ma déi nämmlecht Iddi: Mir dréinen d’Auer zeréck a kucke mat eisen Invitéen an hir Vergaangenheet.
Désiree Nosbusch
Si huet als Kannerstar mat 16 Joer scho Musek-Sendungen um ZDF moderéiert an ass haut Actrice, Regisseurin a Produzentin.

Wou a wéi si si opgewuess? Wat huet si zu deem gemaach, dee si haut sinn? Wat hätte si vläicht gären anescht gemaach.

An eiser éischter Episod werfe mer e Bléck op d’Liewe vum Désirée Nosbusch. Si huet als Kannerstar mat 16 Joer scho Musek-Sendungen um ZDF moderéiert an ass haut Actrice, Regisseurin a Produzentin. Vum Eurovision op New York an nees zeréck. Mir schwätzen iwwer hir italieenesch Originnen, hire “Skandal” am Alter vu 16 Joer an iwwer hir Zäit an den USA.

Gepëspers mam Désirée Nosbusch e Méindegowend um 19h20 op der Tëlee an duerno op RTL Play. An vun elo un all Méindeg bis den 15. Dezember inclus plus 2 Mol Sonndes den 23. November an de 7. Dezember.

Mat dobäi an dëser Staffel si Sportler, Schauspiller, e Geschäftsmann a Politikerinnen.

Fir e Bléck hannert d’Kulissen, hei e “Making-Off” vun der zweeter Staffel Gepëspers um Späicher:

Zweet Staffel "Gepëspers um Späicher"
E Bléck hannert d’Kulisse vun der Produktioun

All d’Episode vun der éischter Staffel Gepëspers um Späicher fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO