
Dacks goufe si wéinst “eeschte” Situatioune kontaktéiert, déi a Wierklechkeet alles anescht wéi Noutfäll waren. Am September gouf déi däitsch Police an Unterfranken geruff, well hinne “komesch Geräischer” vun enger Awunnerin gemellt goufen. Ee Bléck zur Fënster eraus hätt en Agräife vun der Police allerdéngs verhënnert: zu kengem Zäitpunkt war eng Persoun oder en Déier a Gefor... E Geessebock war “komplett ausser sech, fir d’Damme vun der Häerd zefridden ze stellen”, esou e Spriecher vun der Police.
Ma och zu Weinheim hat eng Geess e gréissere Policeasaz ausgeléist. Mat Hëllef vun enger Hondsstaffel an engem Helikopter gouf no Mënsche gesicht, déi angeeblech sollten no Hëllef geruff hunn. Schlussendlech war et awer eng Geess, déi sech an engem Drot verfaangen hat.
Knapp 40 Mol gouf d’Noutruffzentral vun engem Mann aus Oldenburg kontaktéiert, well hien d’Fake News op engem auslänneschen Noriichteprogramm sat hat. No sengem 37. Uruff huet sech d’Police op de Wee gemaach a säin Handy saiséiert.
E gréissere “Problem” gouf et och zu Lübeck. Nodeems eng Cliente hir Hoer 3 Mol gefierft krut an ni mam Resultat zefridde war, huet si bei der Noutruffzentral ugeruff, fir sech ze beschwéieren. An esou engem Fall ass d’Police war net de richtegen Uspriechpartner...
En anere kuriéisen Tëschefall gouf et zu Freyburg (Unstrut). En Automobilist war der Meenung, Schëss an der Stad héieren ze hunn. Verzweiwelt huet de Fuerer direkt d’Police alarméiert, déi d’Situatioun séier opgekläert hat. Effektiv huet de Fuerer haart Knäll héiere gehat... Se koumen net aus enger Pistoul, mä aus sengem Gefier. Eng Fläsch Crémant ass nämlech a senger Mall explodéiert.
Och e 5 Joer ale Bouf aus Würzburg hat sech dëst Joer bei der Police beschwéiert. Dësem huet de Fuerstil vu sengem Papp alles anescht wéi gefall an dofir den 110 gewielt. Well hien 2 Mol duerch rout gefuer ass, wollt de Jong, dass säi Papp sollt festgeholl ginn. Sou wäit ass et dunn awer net komm.