
D’Auswierkunge vun der romantescher Zäit am Dezember, déi bemierkt een am September, do kommen nämlech tendenziell méi Puppelcher op d’Welt wéi de Rescht vum Joer. Generell ginn et am Joer méi Summergebuerten an dat zanter de leschte 4 Joerzéngten. D’Kanner komme genee dann op d’Welt, ofhängeg vum Mount, an deem se entstane sinn: Am Dezember.
Wéi erkläert ee sech de September-Boom?
Scheinbar huele vill Leit d’"Fest vun der Léift” wiertlech. An der Zäit ëm Chrëschtdag a Silvester hu vill Leit Congé oder hunn op d’mannst op de Feierdeeg fräi an deemno kann een déi gemeinsam Zäit och méi intensiv verbréngen. A wisou dann eigentlech net de ganzen Dag am Bett leie bleiwen, wann et dobausse kal ass?
Generell kann een awer och soen, dass vill zukünfteg Elteren am Viraus hir Kanner souzesoen plangen. Dat wëll soen, dass hir Kanner net matten am Wanter hire Gebuertsdag feiere mussen.
War dat nach ëmmer esou?
Zanter den 80er Joren ass de September dee gebuerteräichste Mount, ma virum 2. Weltkrich an de Joerzéngten duerno hu sech Koppele scheinbar méi vu waarme Summernuechten animéiere gelooss, déi meescht Kanner koumen an där Zäit nämlech am Februar an am Mäerz op d’Welt.
Dee seelenste Gebuertsdag
Et ass wuel keng Iwwerraschung, dass de 29. Februar, dee virun allem nëmmen all 4 Joer virkënnt, dee seelensten Dag ass, op deem Gebuerten notéiert ginn. Hannendru kënnt nach déi Zäit ëm Chrëschtdag an den 1. Januar.