Wie gewënnt?Déi nei Kandidate fir d'Wiel zur Miss & Mister Luxembourg 2020
Wie kritt dëst Joer den Titel vum Miss & Mister Luxembourg? D'Kandidate vun der 93. Editioun goufen e Méindeg vum zoustännege Comité presentéiert.
De 25. Januar ass déi 93. Editioun vun der Wiel zur Miss & Mister Luxembourg 2020. Wien do gewënnt, dierf duerno Lëtzebuerg representéieren, wann d’Miss an de Mister World gesicht ginn.
Bal 250 jonk Fraen a Männer hu sech fir de Casting gemellt. Doriwwer decidéiert, wien eng Ronn weiderkënnt, huet dëse Jury:
- Augustin Forquin, Modeliste fir Haute Couture fir Christian Dior, Paris
- Mélanie Heynsbroek, Miss Luxembourg 2019
- Hervé Lancelin, President vum Comité Miss & Mister Luxembourg
- Maria Pietrangeli, Chefredactrice fir de Femmes Magazine
- Nicolas Tissot, Member vum Comité Miss & Mister Luxembourg
- Claudia Vitoria, Miss Luxembourg 2012
Dëse Weekend war dee leschte Casting: 17 Fraen a 4 Männer goufen zeréckbehalen, fir d’Successioun vum Mélanie Heynsbroek an Owen Hawel z’iwwerhuelen.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Méi Detailer fënnt een um Site www.missluxembourg.org
https://www.missluxembourg.org/fr/https://www.missluxembourg.org/fr/