FOTOEN - Fashion CocktailDéi nei Trends fir d'Fréijoer goufe presentéiert

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend goufen am Shoppingzenter zu Bartreng déi nei Fashion Trends fir d'Fréijoer an de Summer 2019 fir d'Damme gewisen.
© Paul Theisen

Ënnert anerem hunn do d’Lëtzebuerger Influencerinnen a Fashionexpertinnen Natascha Bintz, Anna Katina, Emski an Tania Abreu hir Insidertipps verroden. Si hunn déi neiste Trends vu renomméierten Designermarken ewéi Hugo Boss, Ted Baker, Patrizia Pepe, Max Mara, Max & Co, Essentiel, SET, STAND, Drykorn um Catwalk presentéiert.

Zesumme mam Moderator vum Owend, dem Yayavanchique, haten d‘Bloggerinnen och eng flott Diskussiounsronn zum Thema Fashion. Vill Leit a Fashion-Passionéierte haten de Wee bei den éischten Defilé an deem Genre fonnt.

Back to Top
CIM LOGO