
Mir hunn eis emol e puer Lëschten ugekuckt an hunn eis déi skurrilst, geckegst a kuriéiste Gesetzer, déi mir fonnt hunn, erausgepickt an eis ganz eegen Topp 10 opgestallt. Dacks sinn et Relikten aus vergaangenen Zäiten, ma bei verschiddene Gesetzer freet ee sech och emol gären, wat do fir eng Geschicht hannendru stécht.
Schonns zanter 1910 ass et a Frankräich verbueden, sech op engem Quai ze kussen. De Grond heivir ware reegelméisseg Verspéidunge vun Zich, déi sech doduerch erkläert hunn, dass d’Leit sech um Quai nach ee Kuss ginn hunn, fir Äddi ze soen. Dat ass iwwregens och esou an der Stad vun der Léift, zu Paräis.
Een nächst ongewéinlecht, awer wuel bestëmmt sënnvollt Gesetz ass, dass een an Norwegen zur Zäit, wou Wale sinn, keen alkoholescht Gedrénks drénken dierf mat iwwer 4,75%. Dëst Gesetz ass gemaach ginn, well ee gefaart huet, alkoholiséiert Leit kéinten d’Wale beaflossen.
Vill Leit hu jo mol heiansdo gären ee Knätsch. Hei am Land kritt ee se op all Tankstell, an an all Supermarché. Zu Singapur gëtt dat awer een deiere Spaass, do kritt een nämlech eng Strof vun 1.000 Euro, wann ee beim Knätschen erwëscht gëtt. D’Gesetz verbitt de Knätsch, mat der Begrënnung, dass e vill Nodeeler fir de Mënsch an d’Ëmwelt hätt. D’Gesetz gëtt et schonns zanter 1992. 2004 ass dëst Gesetz awer e bësse gelackert ginn a mëttlerweil dierf een nees knätschen, wann een eng Ordonnance vum Dokter huet. Dëst ass geduecht fir Leit, déi ophale wëlle mat fëmmen oder déi Problemer mat der Verdauung hunn.
Ee ganz kuriéist Gesetz kënnt aus Groussbritannien. Do ass et nämlech verbueden, am britesche Parlament ze stierwen. De Grond ass, dass d’Gebai de Status vun engem Kinnekspalast huet an deementspriechend hätt een och d’Recht op e kinneklecht Begriefnis.
Aus Pennsylvania kënnt dann dat nächst ganz kuriéist Gesetz. Do dierfen nämlech net méi wéi 16 Fraen zesummen an enger Wunneng liewen. Dëst mat der Begrënnung, dass et sech vun deem Moment un ëm ee Bordell handele kéint.
Zu Mailand an Italien leet ee vill Wäert op glécklech Leit an dofir ass gutt Laun dann och fest am Gesetz verankert. Ass een an der Stad, muss een ëmmer frëndlech laachen, och wann een emol keen esou ee gudden Dag erwëscht huet. Zwou Ausname gëtt et, wou een net laache muss an dat ass um Kierfecht an am Spidol.
Aus den USA kënnt dann nach e weidert geckegt Gesetz. Zu Miami gëtt et nämlech ee Gesetz, wéi een Elefante richteg ze parken huet. Dat geet nämlech net gratis. Een, deen een Elefant un eng Park-Auer ustrécke wëll, dee muss den nämmlechte Präis bezuele wéi fir en Auto.
Eltere mussen dann op verschiddene Plazen un der Nord- an Ostséi op hir Kanner oppassen. Do ass et nämlech zum Beispill zu Kiel an zu Sylt um Strand verbueden, eng Sandbuerg ze bauen.
Wie Knuewelek gären huet, dee gëtt an der Stad Gary am US-Bundesstaat Indiana wuel net glécklech. E Gesetz seet nämlech, dass wann ee Knuewelek giess huet, muss ee 4 Stonne waarden, ier een an den Theater oder an de Kino goen däerf. Den ëffentlechen Transport duerf een iwwregens och net benotzen.
Am Summer di Frae jo gären emol e Bikini un, wann et waarm dobaussen ass. Zu Kentucky an den USA mussen d’Fraen awer oppassen, do ass et nämlech verbueden, am Bikini op d’Strooss ze goen, ausser et ass een arméiert oder et weit ee manner wéi 42 oder méi wéi 92 Kilo.
Well mir net woussten, wou mir dëst geckegt Gesetz areie sollten, hu mir et aus der Lëscht erausgelooss, ma mir wollten Iech et awer net virenthalen. A Florida dierf weder e Mann, nach eng Fra eng Poubelle sexuell belästegen. Wat een och ëmmer dorënner verstoe wëll.