Frittéiert Spann a Schofsaen-ZoppDéi weltwäit eeklegst Platen zu Nantes exposéiert

RTL Lëtzebuerg
Stéier-Hoden, Mauswäin oder Muede-Kéis: Bei deene Plate schuddere sech wuel déi meescht Leit, ma fir munch ee gehéiert dat zur Kategorie Delikatess.
Eekel-Iess-Ausstellung zu Nantes
Wéi schmaacht eng frittéiert Spann oder Analdrüse-Likör? Dat fënnt een den Ament zu Nantes an enger aussergewéinlecher Ausstellung eraus.

Wat een alles iesse kann, dat kann ee sech den Ament an enger aussergewéinlecher Ausstellung zu Nantes ukucken, do sinn am Kader vum Festival “Les tables de Nantes” d’Iesskulturen aus aller Welt exposéiert.

Wat an eisen Aen als degoûtant gëllt, hänkt alles mat eiser Kultur zesummen, respektiv d’Gewunnechten, mat deene mir opwuessen. Deemno fanne mer munch Platen, déi mer aus eiser Kandheet gewinnt sinn “lecker”, a ganz nom Sprachwuert “wat de Bauer net kennt, ësst en net”, fanne mer friem Platen dacks eekleg. Dat seet och de Samuel West, Psycholog a Responsabele fir d’Ausstellung vum “Disgusting Food Museum”.

Entstanen ass dëse Musée virun engem Joer a Schweden a war ewell och schonn zu Los Angeles. D’Iddi hannendrun ass et, fir d’Leit z’encouragéieren, sech nei z’orientéieren an nei Protein-Sourcen ze fannen, déi besser fir eis Ëmwelt sinn, wéi zum Beispill Insekten oder Fleesch, dat am Labo kultivéiert gouf. “Vill Platen erschéngen eis op den éischte Bléck degueulasse, dann heescht et sech ze trauen an eventuell eppes entdecken, wat ee gutt fënnt”, mengt den Direkter vum Musée Andreas Ahrens.

D’Ausstellung zu Nantes ass vum 25. September bis den 3. November, duerno geet de Wee weider op Las Vegas. D’Entrée ass gratis, ma fir 3 Euro kann een och Verschiddenes schmaachen, zum Beispill fermentéiert Haifësch-Haut oder Analdrüse-Likör vum Biber. Mam Entréesbilljee kritt een dann och direkt eng Katz-Tut an de Grapp gedréckt, verréit d’Directrice vum Festival zu Nantes, Astrid Gingembre.

Och wann net alles aus ethesche Grënn kann ugebuede ginn, spillt bei dëser Ausstellung och dat Visuellt eng grouss Roll, wéi zum Beispill eng Reproduktioun vun engem hëlzenen Dësch, deen a China dofir benotzt gëtt, fir frëscht Afe-Gehir z’iessen - hautdesdaags en illegale Brauch. Fréier gouf den Af an d’Mëtt vum Dësch placéiert, woubäi just de Kapp aus engem Lach erausgekuckt huet. De Kapp gouf opgebrach an d’Gehir vum nach liewegen Déier giess.

Nieft dem Visuelle kritt ee munches dann och just ze richen. Dofir goufe Këschten opgestallt, déi de Visiteur opmaache kann, fir eng Nues voll Stéier-Hoden oder Kobra-Häerzer ze huelen.

Wou a Wéini?

D’Ausstellung ass zu Nantes an der Hab Galerie /Quai des Antilles.
Vu mëttwochs bis freides vun 13.30 bis 19 Auer a se ass gratis.

Back to Top
CIM LOGO