Olympesch SpillerDeiere Béier fir australesch Athleten

RTL Lëtzebuerg
Zu Tokio hunn australesch Athlete sech aus dem olympeschen Duerf geschlach, fir Béier kafen ze goen.
© RTL

Fir genau ze sinn, waren et 5 Hockeyspiller, déi no der Finallnéierlag géint d’Belsch wuel hire Frust am Alkohol erdränke wollten. Dës Aktioun ass awer mächteg no hanne lass gaangen: Si goufe verwarnt a mussen d’Zäit bis zu hirer Heemrees zu Tokio elo an Isolatioun verbréngen.

Eventuell hu si sech awer och e Beispill un hire Landsmänner geholl, déi ufanks der Woch schonn negativ opgefall waren. Beim Réckfluch op Sydney vun de Futtball- a Rugbyekippe vun den Hären hat op d’mannst ee Spiller sech op der Toilette iwwerginn, déi doduerch fir de Rescht vum 10 Stonne laange Fluch guer net méi benotzbar war.

Et gouf och Rapporten, no deenen e puer olympesch Athleten de Stock un Alkohol geplëmmt hunn, nodeems hinne weidert alkoholesch Gedrénks refuséiert gi wier.

Och dat olympescht Duerf ass vun den australeschen Athleten net verschount ginn. D’Rugbyspiller an d’Rudderekipp hate Wunnengen am Duerf zu Tokio beschiedegt, wéi si nom Ofschloss vun hire Competitioune gefeiert hunn.

© RTL

Back to Top
CIM LOGO