Fir 1,7 Milliounen EuroDeierste Fläsch Whisky verkaf

RTL Lëtzebuerg
En ganz seele Fläsch Whisky huet bei enger Stee zu London en neie Rekord erreecht.
© AFP

D’Fläsch Macallan 1926 Single Malt aus Schottland huet fir 1,45 Millioune Pond - ëmgerechent 1,7 Milliounen Euro - de Proprietär gewiesselt. Beim Whisky aus dem Faass Nummer 263 handelt et sech ëm den “Hellege Gral” ënnert de Whiskyen. De geschate Präis louch bei 450.000 Pond.

De Macallan 19326 gouf virun iwwer 90 Joer gebrannt a konnt 60 Joer laang am Eechefaass räifen. Der schottescher Distillerie no goufen 1986 am Ganze just 40 Fläschen vum Faass 263 ofgefëllt.

Den ale Rekord fir den deierste Whisky war d’lescht Joer erziilt ginn, aus deem selwechte Faass, awer fir 1,2 Millioune Pond.

Back to Top
CIM LOGO