
D’Virstellung vum Hipster ass an de westleche Länner dacks déi selwecht: E jonke Mann mat Brëll, Dutt oder Undercut an engem Baart, dee geleeëntlech mat frësch gepléckte Blummen dekoréiert gëtt. Hien dréit Skinny-Jeans mat Brëttellen an eropgekrämpelt Hiemer, déi seng Tätowéierungen um Aarm betounen. An net ze vergiessen: De Soja-Latte am Grapp.
Nieft sengem ongewéinlechen Ausgesinn zeechent e sech och duerch säin extravaganten, individualistesche Liewensstil aus.
Kann een an deem Fall nach vun Individualitéit schwätzen, wann dausende vu Leit aus ënnerschiddlechen Natiounen identesch wierken?
Mat dëser Fro huet sech e Mathesproff aus den USA auserneegesat. A sengem Artikel “The Hipster Effect: When Anticonformists All Looks The Same”, deen am Magasinn “MIT Technology Review” publizéiert gouf, erkläert den Jonathan Touboul, wisou d’Anti-Konformisten no baussen d’nämmlecht ausgesinn.
No laange Recherchen huet hien du festgestallt: Fir d’Gesellschaft gëllen déi selwecht Formelen ewéi fir Investisseuren. Als éischt wierkt de Produit chaotesch. Mat der Zäit beweegt sech awer alles an eng Richtung. Aus Individualismus entsteet en Trend. D’Verhale vun den Non-Konformiste synchroniséiert sech lues a lues. Dass dëse Prozess net vun haut op muer verleeft, ass logesch. Et dauert also eng Weil, bis sech eppes als Trend etabléiert. Sou kënnt et vir, dass en onkonventionellt Konzept iergendwann net méi aussergewéinlech ass.
Et ass duerchaus méiglech, dass an e puer Joer en alen Hipster-Klischee duerch en neien ersat gëtt, an d’Männer an Zukunft eng Glatz hunn, Plateau-Sneakers droen a sech eng Kazentätowéierung op den Handréck stieche loossen. En neien Trend entsteet.