
Dausende vu Fans bewonneren hien awer fir seng Entscheedung a setze sech elo och méi mam Glawen auserneen. D’Kombinatioun vu Gottesdéngscht an onkonventioneller Musek erreecht nämlech eng Abberzuel u Leit.
Op Instagram an Twitter goufe Videoe publizéiert, op deenen ze gesinn ass, wéi grouss den Undrang sonndes wierklech ass. Méi wéi 700 Mënsche wollte leschte Weekend mat dobäi sinn, fir de Gospel-Chouer live ze gesinn.
Nieft den traditionelle Gebieder hunn de Kanye West an déi 80 Gospel-Sänger Lidder wéi “Smells Like Teen Spirit” a “Come As You Are” gesongen, mä och e Lidd vun him selwer, nämlech “Ultralight Beam”.