
Fir Opreegung suergt de Prënz Andrew an der Lescht wéinst senge Liene mam fir Pedophilie verurteelte Jeffrey Epstein. Et geet ëm seng Frëndschaft mam Ghislaine Maxwell, der Ex-Partnerin vum Epstein, déi elo och viru Geriicht ass, well si dem Epstein soll gehollef hunn, Kanner ze mëssbrauchen. Si hätt de Prënz mam Epstein bekannt gemaach. Dem Prënz Andrew gëtt virgeworf, 2001 mat engem 17 Joer ale Meedche geschlof ze hunn, wat vum Epstein dozou gezwonge gi wier. De 60 järegen Duke of York streit dëst of.
Den November, nodeems hien an engem Interview seng Frëndschaft mam Epstein verdeedegt huet, huet de Prënz op senger Homepage an op de soziale Medien annoncéiert, datt hie sech vu sengen ëffentleche Funktiounen zréckzéie géif. Elo verschwënnt dem Prënz säin Internetsite dukrofyork.org.
Et gëtt ewell spekuléiert, ënner anerem vun der däitscher Boulevardzeitung “Bild”, d’Queen hätt se wéinst dem Skandal späre gelooss. Ma d’Pressespriecher vum Haff maachen dëse Lien net a soen, de Kontrakt mam Provider wier ofgelaf an e wier just net méi verlängert ginn, sou déi englesch Boulevardzeitung “express”. D’Zeitung ënnersträicht awer, datt dem Prënz Harry an dem Meghan Markle säi Site nach ëmmer do ass, och wa si offiziell zréckgetruede sinn.
Nieft der Verwécklung an de Pedophilie-Skandal gëtt et e Freideg fir de Prënz Andrew eppes ze feieren: seng eelsten Duechter, d’Prinzessin Beatrice, huet sech bestuet.