Lieft an der ËmgéigendDemenzkranke Bruce Willis wunnt net méi doheem

RTL Lëtzebuerg
De 70 Joer alen Acteur, dee schwéier un Demenz erkrankt ass, lieft net méi doheem. Dat huet seng Fra an engem Interview matgedeelt.
© AFP

Ech wosst, datt an éischter Linn de Bruce selwer dat fir eis Duechtere gewollt hätt,” seet d’Emma Heming Willis am Interview mat der Diane Sawyer vun ABC. “Hien hätt gewollt, datt si an engem Doheem sinn, wat méi op hir Bedürfnisser zougeschnidden ass wéi op seng eegen”, esou déi 47 Joer al Fra vum Acteur weider.

De Bruce Willis wunnt elo an engem Bungalow an der Géigend vu sengem Haus. Dësen ass op seng eegen esou wéi op d’Bedürfnisser vum Fleegepersonal ugepasst.

Back to Top
CIM LOGO