Stellt iech vir, dir sidd moies um Wee op d’Aarbecht a kritt op eemol vun enger friemer Persoun eng Vakanz offréiert. Eng Woch fir 2 Persounen all inklusive an engem 4 Stären-Hotel. Eenzegen Hoken: de Vol geet nach den Dag selwer.
Wäert der esou spontan? De Raoul Roos an d’Anouk Siebenaler wollte genee dat testen a sinn am Spill “Elo oder Ni” géinteneen ugetrueden. D’Zil: als Éischt mat sengem Kandidat an der fäerdeg gepaakter Wallis um Findel stoen. Wéi déi Course ausgesinn huet, hu mer Iech op Päischtméindeg um 19 Auer op der Tëlee gewisen.