
Eréischt virun e puer Wochen ass am däitsche Schwarzald am Fräizäitpark Tatzmania den “Adlerflug” opgaangen - elo huet d’Spill missen wéinst dem äusserst speziellem Look d’Servicer astellen - et soll ze vill Hakekräizer gläichen.
Déi ganz Opreegung ass entstanen, wéi ee Video vun der Onlineplattform Reddit an de soziale Reseaue viral gaangen ass. Dëse weist d’Rotatioun vun den Äerm vum Spill a léisst ebe staark un Hakekräizer erënneren. Donieft dréit den Numm “Adlerflug” och net zu engem besseren Image vun der Spaassattraktioun bäi.
Doropshin hunn déi Verantwortlech vum Fräizäitpark reagéiert an d’Spill zougemaach. Elo soll zesumme mat dem italieneschen Hiersteller vum Dréiaarm gekuckt ginn, fir eng Léisung ze fannen. An där Form gëtt d’Spill jiddefalls net méi a Betrib geholl - gutt, datt et de Wee net op déi 679. Editioun vun der Schueberfouer fonnt huet.