Si sinn déi, déi eis bei eisen éischte Schrëtt am Schoulsystem ënnerstëtzten. Déi éischt Enseignanten, vun deene mir eppes léieren. Ma ganz dacks huet ee vun der Spillschoulsjoffer just d’Bild vum Molen a Bastele virun Aen. Datt awer zum Beruff wäit méi gehéiert ewéi just dat, dovu konnt eis Journalistin Deborah Ceccacci sech selwer iwwerzeegen. Fir eis verbréngt si nämlech een Dag am Liewe vun enger Spillschoulsjoffer.