Ugangs des Joers war si am Heidi Klum hirer Show. Elo schafft d’Sayana Ranjan haaptberufflech als Model a war elo zu Lëtzebuerg, fir sech vum Fotograf Yves Kortum knipsen ze loossen.
Bei dësem Shooting stoung d’Moud am Virdergrond, d’Kleeder kommen extra vu Paräis. Déi gi vun den Designer zur Verfügung gestallt. An do ware puer grouss Nimm dobäi, dorënner Paco Rabanne.
Firwat grad op Lëtzebuerg, wéi gesäit den Alldag vun sou engem Model aus an wat huet sech beim Sayana zanter der Models-Emissioun verännert? Mir hunn hannert d’ Kulisse vum Shooting gekuckt.