
De britesche Prënz wäert awer déi meeschten Zäit eleng reesen, well d’Meghan an den Archie wärend deenen 10 Deeg a Südafrika bleiwen. Et géing hie freeën, dass si als Famill an Afrika fléien, well dëse Kontinent seng zweet Heemecht wier.
Ouni Puppelchen huet d’Koppel direkt no hirer Arrivée e Selbstverdeedegungscours fir Meedercher zu Nyanga besicht, e Staddeel vu Kapstadt, dee fir seng Kriminalitéit bekannt ass. Den Herzog an d’Herzogin vu Sussex goufe mat grousser Freed empfaangen: Si géingen et schätzen, ee kennenzeléieren, dee sech esou fir d’Emanzipatioun an d’Solidaritéit ënner Fraen asetzt, wéi d’Meghan et mécht, sou d’Leederin Jessica Dewhurst.
Duerno hunn d’Elteren de klengen “District Six” Musée besicht, deen d’Apartheid an de 70er Joren thematiséiert, en Thema, dat dem Harry a senger Fra vill um Häerze läit.
Vun en Donneschdeg u wäert de britesche Prënz seng Rees eleng weiderféieren. Als éischt a Botsuana, wou hien an d’Meghan am Joer 2016 eng romantesch Zäit verbruecht hunn, dann Angola, wou hien u seng doudeg Mamm wäert erënnert ginn. E puer Méint virun hirem Doud war d’Prinzessin 1997 do op Besuch, fir op d’Affer vun de Landminnen opmierksam ze maachen. An a Malawi wäert hie sech dann zum Schluss vu senger Rees iwwer Natur- an Déiereschutzprojeten informéieren.
Den 2. Oktober geet et fir déi dräi nees a Richtung Groussbritannien. Virum Depart trëfft déi jonk Famill dem Nelson Mandela seng Wittfra an de President Cyril Ramaphosa.