
De Puppelchen huet sech dem südafrikanesche Friddensnobelpräisdréier Desmond Tutu vu senger beschter Säit gewisen. E puer Mol huet de Klengen de 87 Joer alen Held vun der Anti-Apartheid-Beweegung mat senge Grimassen zum Laache bruecht.
De Bouf wéisst elo schonn, dass ee sech Prioritéiten am Liewe setze muss: “Du hues Frae léiwer wéi Männer”, huet d’Nomalizo Leah Tutu constatéiert. Dat houfregt Laache vum Prënz Harry war doropshin net ze iwwersinn. E richtege Fraenheld, den Archie!
E Méindeg sinn den Harry, d’Meghan an hire Jong zu Kapstadt gelant. Vun en Donneschdeg u reest de Prënz awer eleng a Botsuana, Angola a Malawi.
RTL NEWS: Den Archie ass bei der Afrika-Rees vum Harry a Meghan mat dobäi