Happy BirthdayDen Chuck Norris feiert säin 80. Gebuertsdag

RTL Lëtzebuerg
Den 10. Mäerz kritt den Action-Held Chuck Norris seng 80 Joer. Grond genuch dëse ronne Gebuertsdag mat de beschte Witzer ze feieren.
© AFP

Power ouni Enn, e volle Baart a séier Fäischt, dat beschreift den Chuck Norris wuel am beschten. Him gëtt souguer nogesot onstierflech ze sinn. Komme mol op den Ufank zeréck...

Den 10. Mäerz 1940 koum de Carlos Ray Norris Jr., haut bekannten US-amerikanesche Kampfkënschtler, Action-Schauspiller an Auteur, zu Ryan, Oklahoma op d’Welt.

Nodeems den Norris 1958 säin Ofschloss am Lycée gemaach huet, ass hie bei d’United Air Force komm. Wärend sengem Asaz als Militär-Polizist a Korea huet hie säi Spëtznumm “Chuck” kritt an huet do och seng Passioun fir de Kampfsport entdeckt. Wéi hien 1962 zeréck an Amerika koum, huet hien eng ganz Rei Karate-Schoulen opgemaach.

An d’Filmbranche ass den Chuck Norris duerch de Steve McQueen komm, deen ee vu senge Schüler a gudde Kolleeg war.

Zu senge gréisste Rollen zu Hollywood gehéieren ënner anerem Filmer wéi “The Way of the Dragon” mam Bruce Lee, sou wéi déi dräideeleg Kinofilmserie “Missing in Action”.

Kultstatus huet den Chuck Norris awer eréischt mat der Serie “Walker, Texas Ranger” erreecht, déi vun 1993-2001 produzéiert gouf. Nodeems den Acteur 2004 net méi am Kino ze gesi war, huet hien 2012 am Film “The Expendables 2" e Comeback gefeiert.

Wie Mëtt vun den 90er Joren oder méi spéit op d’Welt koum, kennt den Chuck Norris wuel manner wéinst senge ville Filmrollen, mä méi duerch déi ganz beléift “Chuck Norris Facts”.

© funnybeing.com


Mir hunn Iech der hei e puer erausgesicht:

  • Wann den Chuck Norris an d’Waasser fält, gëtt hien net naass. D’Waasser gëtt Chuck Norris.
  • Den Chuck Norris huet bis Onendlech gezielt. Zwee Mol.
  • Den Chuck Norris ësst keen Hunneg. Hie knat Beien.
  • Den Chuck Norris schléift net. Hie waart.
  • Munch Leit hunn e Superman-Pyjama un. De Superman huet en Chuck-Norris-Pyjama.
  • Den Chuck Norris kann duerch Null deelen.
  • Munch Mënsche kënne vill Push-Ups. Den Chuck Norris ka se all.
  • Den Chuck Norris drénkt säi Kaffi am léifste schwaarz. Ouni Waasser.
  • Den Chuck Norris liest keng Bicher. Hie kuckt se esou laang un, bis si fräiwëlleg soen, wat hie wësse wëll.
  • Den Chuck Norris vergësst ni. Hie ka sech souguer u muer erënneren.
  • Legende liewen éiweg. Den Chuck Norris lieft méi laang.

Och zum Coronavirus ginn et ewell Witzer:

  • Den Chuck Norris huet net Corona. Corona huet Chuck Norris.
  • Wisou kritt den Chuck Norris kee Coronavirus? Och Viren hunn Angscht.
  • Den Chuck Norris wäscht sech net d’Hänn. Dat mécht Corona.

RTL NEWS: Chuck Norris iwwerlieft zwee Häerzinfarkter an zwou Stonnen

Back to Top
CIM LOGO