"Gëff et aus oder gëff et ewech"Den Daniel Craig wëll senge Kanner kee Verméige verierwen

RTL Lëtzebuerg
Den Daniel Craig huet iwwer 150 Milliounen Euro a senger Schauspillkarriär verdéngt. An déi wëll hien, wéi et schéngt, och net mat jidderengem deelen.
© AFP

Als laangjäregen Duersteller vum James Bond gouf den Daniel Craig berüümt. Allerdéngs wëll hien, dass seng Duechteren esou mann wéi méiglech vun där Milliounenzomm solle gesinn, sot hien an engem Interview mam Magasinn “Candis”. “Gëff et aus oder gëff et ewech, iers de stierfs”, sou den Daniel Craig. Donieft huet den Acteur nach op dat aalt Spréchwuert verwisen, dass ee versot hätt, wann ee räich stierwe géing. Amplaz säi Verméige senge Kanner ze hannerloossen, wëll hien de Groussdeel dovu fir gutt Zwecker spenden.

Den 53 Joer ale Britt ass Papp vun zwee Meedercher, Ella a Grace.

An den 007-Filmer “Casino Royale”, “Quantum of Solace”, “Skyfall” an “Spectre” war den Daniel Craig als James Bond um groussen Ecran ze gesinn. Hien huet ënnert anerem och bei “Knives Out”, “Star Wars: The Force Awakens” an “The Girl with the Dragon Tattoo” matgespillt.

Back to Top
CIM LOGO