Klenge Witz erlaabtDen Donald Trump huet sech vum Jim Carrey viral unhouschte gelooss

RTL Lëtzebuerg
De Star-Komiker Jim Carrey huet mat senger eegewëlleger Manéier dem Trump eppes ze houschten nawell vill Likes kritt.

An engem Video op Twitter mat der Iwwerschrëft “Obamagate? Yo’mamagate!” gesäit een d’Opzeechnung vun enger Ried vum Donald Trump. Op eemol daucht de Jim Carrey op, houscht dem US-President theatralesch an d’Gesiicht an dréckt him um Enn nach e verschnuddelt Nuesschnappech op d’Nues.

De Video spillt op d’Corona-Pandemie un, vun där d’USA nawell fatzeg betraff ass. Wann dat Zeeche mol net eendeiteg war...

Back to Top
CIM LOGO