Trikot #17Den Ed Sheeran ass elo e Futtball-Profi an der drëtter Liga

RTL Lëtzebuerg
Nee, dëst ass kee Witz: Den 30 Joer ale Sänger gouf an d'Ekipp vum Drëttligist Ipswich Town opgeholl... ouni dovun ze wëssen!

Virun e puer Méint hat Ipswich Town annoncéiert, dass de brittesche Songwriter en 1-Jores-Kontrakt ënnerschriwwen hätt a soumat offiziell den neien Trikot-Sponsor vum Futtballclub aus der drëtthéchster englescher Divisioun ginn ass. Hie selwer ass zanter senger Kandheet e grousse Fan vun den Tractor Boys, och bekannt als “The Blues”.

Ma domat net genuch. De Museker ass elo net nëmmen de Sponsor vu senger Liblingsekipp, mä esouguer Deel vum Team. Fir d’Saison 2021/22 kéint hien an den Asaz komme mat der Trikot-Nummer 17. “Dat ass wierklech verréckt”, sou d’Reaktioun vum Weltstar. Wéi Ipswich him dat erzielt huet, duecht hien, et wier e Witz. Falsch geduecht: Theoretesch kann den Ed Sheeran op den Terrain geruff ginn. Den 30 Joer ale Kënschtler hofft allerdéngs, dass et net esouwäit komme wäert a seng Trikot-Nummer e reng symbolesche Geste bleift.

Back to Top
CIM LOGO