
“Der Mama an dem Puppelche ginn et gutt”, huet den US-Entreprener e Méindeg op Twitter geschriwwen. Iwwert d’Geschlecht vum Kand gouf et keng Detailer.
Zanter 2018 sinn den Elon Mask an d’Grimes zesummen. Fir déi 32 Joer al Claire Boucher ass et dat éischt Kand. Den Tesla-Chef huet scho 5 Bouwen. Hien ass 3 Mol gescheet, 2 Mol vun där selwechter Fra.
D’Grimes hat am Januar annoncéiert, och op Twitter, dass si schwanger wier. Ënnert enger Uewen-ouni-Foto mat Babybauch huet si geschriwwen: “schwanger ze sinn, ass e wëllen, krichsänlechen Zoustand”.