
Am "Café des artistes" beim Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel zielt den Arsène Laplume, dass hie virdrun op der Lokomotiv gefuer ass an explizéiert, wéi "schwaarz" Drëppe gehollef hunn, dass d'Grande Epicerie ëmmer méi gewuess ass, och wann net ëmmer all Pabeiern fir en Ausbau virlouchen.
Mir héieren awer och, wéi et zu Baaschtnech an der Schoul war a firwat hie mat véier Joer en Accident mam Trakter hat, wat hien awer net ofgehalen huet, bis haut Trakteren ze sammelen.
Wéi et zu de Pinguinen an der Reklamm koum, firwat bei hinnen Highland-Cattle gehale ginn, wéi en nuets zu Paräis hallef plakeg an der Gewan stoung a firwat hien sou e grousse Bayern-Fan ass, sinn aner schéi Geschichten.
Piano: Marc Schmidt
Wann der eng Kéier am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.