
Zu Welfreng huet den Hunn um Kierchtuerm riskéiert erofzefalen, gutt, dass net wäit eng Schmëdd ass. Déi war zwar iwwert d’Feierdeeg zou an awer hunn d’Aarbechter sech, zesumme mat engem Daachdecker-Betrib, op hire fräien Deeg engagéiert, fir den Hunn ze retten.

Den Hinnchen, deen net nëmme schif houng, ma och nach e puer al Aschosslächer hat, gouf gefléckt an nees op seng Plaz zeréckgehaang.