D’Rebecca Ries war mat hiren 2 klenge Kanner eleng am Haus wéi den Tornado zu Péiteng geroost huet. Si hat Gléck am Ongléck wéi den Dag am Kannerzëmmer ewechgerappt gouf. Mat professioneller Hëllef versicht d’Famill, dat wat se erlieft huet ze verschaffen.
De Ralph Diseviscourt huet an der Vakanz d’Race Across France gewonnen. Den Ultracycliste, deen 2011 den Extremsport fir sech entdeckt huet, huet am Summer manner wéi 7 Deeg gehat, fir 2.600 km zeréckzeleeën.
De Marc Schmit leet mam Hoppen Théid eng Paus an. Zanter September 2010 huet hien all Méindeg op der Tëlee ausgedeelt a mat Schmitt Happens huet hien déi lescht Joren och Dausenden an Dausenden an déi grouss Kulturhaiser gelackelt.