Puddle of Mudd um absoluten Déifpunkt?Den Internet laacht sech futti iwwert de Nirvana-Cover vun der Band

RTL Lëtzebuerg
Ufank den 2000er ware Puddle of Mudd wéinst engem Lidd bekannt ginn, haut ass net méi vill iwwreg vun der Band, déi sech sou richteg blaméiert huet.
© Screenshot Youtube

Praktesch déi hallef Welt huet de Cover vum Lidd “About a girl” vu Nirvana gesinn, allerdéngs gëtt et héchstwarscheinlech kee Mënsch, deen der Band “Puddle of Mudd” felicitéiert...

Riets geet praktesch ausschliisslech vum Sänger Wes Scantlin senger ënnerierdescher Performance. Gespillt huet d’Band dëst Lidd an der akustescher Versioun fir “SiriusXM Radio”, ma dass de Schoss esou no hanne lass géif goen, domadder huet wuel kee gerechent.

Dass de Museksstil “Grunge” dout ass, ass schonn zënter Jore gewosst, ma definitiv begruewe gouf dat ganzt awer elo mat dëser Performance. De Kurt Cobain géif sech op alle Fall am Graf dréinen.

Obwuel de Video scho méi laang existéiert, ass en an de leschten Deeg eréischt viral gaangen an et reent nëmme sou un “Dislikes”.

Hei iwwregens déi Original-Versioun vu Nirvana:

Back to Top
CIM LOGO