
D’lescht Joer huet den John Legend de sougenannten “EGOT"-Status erreecht, dee virun him just 15 aner Staren hunn. Dës Perséinlechkeeten hunn all eppes gemeinsam: en Emmy, e Grammy, en Oscar an en Tony.
U sech kéint et net besser lafen.
Zanter hien 2006 e Grammy fir säin Album “Get Lifted” krut, ass et mat der Carrière just nach biergop gaangen, ma donieft och privat. 2007 huet hie seng Fra Crissy Teigen um Set fir d’Lidd “Stereos” kenne geléiert. Zanter 2013 sinn de Sänger an d’Model bestuet, 2016 koum hiert Meedche Luna op d’Welt an 2018 hire Jong Miles.
Den Titel “Sexiest Man Alive”, dat hätt awer och hien iwwerrascht. An engem Interview sot den John Legend, datt hien immens opgereegt wier, gläichzäiteg awer och veronséchert, well elo den Drock nawell e bësse geklomme wier. Elo géif jiddereen op hie kucken an hie géing sech elo selwer froen, ob e sexy genuch ass, deen Titel ze verdeedegen: “Ech sinn den Nofolger vun Idris Elba, dat ass net fair an och net fein.”
Mëttlerweil gouf den Titel scho fir déi 34. Kéier verginn. Den Ufank huet 1985 den deemools 29 Joer ale Mel Gibson gemaach.