
Et sinn Zeenen, déi den 59 Joer alen Acteur just aus sengen eegene Filmer kennt. Den Tom Cruise gouf Affer vun engem Déifstall, dee vum Virgang hier och hätt kënnen an engem Mission-Impossible-Film gewise ginn.
Wärend den Dréiaarbechte vu sengem neiste Film hunn Onéierlecher en Auto geknackt, andeems si d’Signal vum Funkschlëssel ofgefaangen hunn. A grad an dësem Auto louchen dem Cruise seng Wäertsaachen dran.
Zwar konnt d’Police de BMW X7 kuerz Zäit méi spéit an der Church Street zu Birmingham erëmfannen, ma d’Géigestänn am Wäert vun e puer Dausend Euro waren alleguerte fort, schreift d’Boulevard-Zeitung “The Sun”.
Elo sollen d’Iwwerwaachungskamerae gepréift ginn. A wie weess, vläicht hunn d’Déiwe bei dësem dach éischter aussergewéinlechen Déifstall jo e Feeler gemaach.