
E Méinden huet den Trump op Twitter deklaréiert, dass d`Cher déi Kéier enger Meenung mat him ass. D`amerikanesch Sängerin ass soss ëmmer zimlech kritesch géigeniwwer dem US- amerikanesche President.
D`Cher huet an engem Post op Twitter geschriwwen, dass Si fënnt, dass de Staat Kalifornien, a virun allem Los Angeles, net an der Verfassung ass, sech ëm de Problem vun Immigranten op der Grenz vu Mexiko ze këmmeren.

Los Angeles huet e groussen Problem mat Leit, déi op der Strooss wunnen an dee Problem ass nach ëmmer net gereegelt. D`Cher betount, dass d`Stad Los Angeles sech fir d`éischt ëm hir eege Leit këmmere soll, éier ee sech ëm anerer këmmert.

Den Trump, dee méi wéi eng Kéier kloer gemaach huet, wéi hien zou den Immigrante steet, applaudéiert dem Cher fir dëse Kommentar.