AltersheemerDëse Sonndeg war Mammendag, och am CIPA Diddeleng

RTL Lëtzebuerg
All Joer um zweete Sonndeg am Juni ass fir d'Mammen hei am Land e bësse méi e speziellen Dag: Et ass Mammendag.
Mammendag am CIPA Diddeleng
All Joer um zweete Sonndeg am Juni ass fir d’Mammen hei am Land e bësse méi e speziellen Dag: Et ass Mammendag.

Den Ursprong vum Mammendag léisst sech bis zu de Veréierungsrituale vun der Gëttin Rhea am anticke Griicheland zeréckverfollegen. Och bei de Réimer geet dëse Brauch aus dem Kybele- an Atttiskult ervir.

An Europa sinn an den 1860er Jore verschidde Fraebeweegungen a Fraeveräiner entstanen, déi sech net just fir de Fridden agesat hunn, mä och fir méi Fraerechter an eng besser Bildung fir Meedercher. Spéider, an den 1890er Joren, gouf dunn den internationale Fraerot gegrënnt, dee sech och fir d’Unerkennung vun de Mammen agesat huet.

A senger haiteger Form gouf de Mammendag vun der englescher an US-amerikanescher Fraebeweegung gepräägt. D’US-Amerikanerin Ann Maria Reeves Jarvis hat 1865 d’Mammebeweegung “Mothers Friendship Day” gegrënnt. Op den organiséierten “Mothers Day Meetings” konnte Mamme sech austauschen. Hir Duechter, Anna Marie Jarvis, huet den 12. Mee 1907, um 2. Stiefesdag vun hirer Mamm, eng Gedenkgottesdéngscht organiséiert, mat der Iddi dësen Dag als “Dag vun der Mamm” unerkannt ze kréien.

Um drëtte Stiefesdag, also 1908, gouf den Dag eng éischte Kéier offiziell als Mammendag begaangen. No der Priedegt hat d’Anna Jarvis wäiss a rout Oeilleten verdeelt, d’Liblingsblumme vun hirer Mamm. Déi rout sollten déi Mamme éieren, déi liewen, déi wäiss, déi Mammen, déi scho gestuerwe sinn.

Dës Feier gouf bäibehalen an 1914 offiziell als Mammendag unerkannt, deen dunn och an anere Länner gefeiert gouf. Zu Lëtzebuerg gouf de Mammendag 1927 eng éischte Kéier gefeiert, an d’Liewe geruff vun der Ligue Luxembourgeoise du Coin de Terre et du Foyer.

Fir Mammendag huet een awer an den Altersheemer villes gemaach, fir de Bewunnerinnen e schéint Fest ze erméiglechen. RTL war an de CIPA op Diddeleng kucken.

Den traditionelle Mammendag-Apero Concert gouf dëst Joer an der frëscher Loft gespillt. Vum groen Himmel a méi killen Temperaturen hunn d’Leit sech net ofschrecke gelooss. Offréiert gouf de Concert vun der Amicale, déi duerno jidder Damm e Kaddo verdeelt huet. De Kontakt mat de Bewunner wär méi verhale wéi virum Confinement, wou ee regelméisseg heihinner Kaart a Bingo spille koum.

De Besuch vun der Famill ass awer zanter kuerzem op RDV a spezielle Raim oder am Parc méiglech. 20 Bewunner kënnen esou pro Dag Visitt empfänken. Fir Mammendag kruten haut allen 143 Mammen dës Méiglechkeet. D’Treffe waren dofir just bausse méiglech. Am Park oder op der Terrass konnten d’Famille sech gesinn.

Am 30 Minutten-Takt sinn d’Famillen hir Mamme besiche komm. D’Awunner hunn awer och generell d’Méiglechkeet, de Site vum CIPA ze verloossen, wa se d’Gestes Barrière respektéieren. Sou haten 3 Damme mat der Famill auswäerts giess.
Och wann et nach eng Rei sanitär Contrainten an den Altersheemer ginn, esou ass et dach schonn e Stéck méi einfach sech ze gesinn. Ma bis ee sech nees richteg an den Arem huele kann, dierft et nach daueren.

Back to Top
CIM LOGO