Eng Stonn manner SchlofDëse Weekend gouf d'Auer geréckelt

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg goufen d'Aueren um 02.00 Auer ëm eng Stonn no vir gestallt an d'Nuecht domat ëm eng Stonn gekierzt.

De Pro a Kontra gëtt zanter Joren immens diskutéiert. Vill Mënschen halen d’Zäitëmstellung fir absolut onnéideg a fuerderen, dass dat soll ophalen.

D’EU-Parlament zu Stroossbuerg hat sech en Dënschdeg de Moien, de 26. Mäerz, fir en Enn vun der Zäitëmstellung am Joer 2021 ausgeschwat.

D’Deputéiert hu sech dorop gëeenegt, ma fir datt et wierklech zu engem Enn vun der Zäitëmstellung kënnt, mussen déi eenzel EU-Memberstaaten och nach e Kompromëss fannen.

Déi normal Zäit ass bei eis d’Wanterzäit an déi geet nach bis e Sonndeg de Moien um 02.00 Auer. An da gëtt d’Auer nees eng Stonn no vir geréckelt.

Back to Top
CIM LOGO