5 Mol am Famillenduell gewonnenD'Famill Simon flitt zu 14 Mann op Kopenhagen

Philippe Dondelinger
Fënnef Mol hannerteneen war d'Famill Simon am Famillenduell an ëmmer nees hu si bewisen, dass si deenen aneren Famillen iwwerleeën waren.
Famillenduell-Gewënner flitt op Kopenhagen
Nach kuerz virum Vol, zu am Ganzen 14 Familljememberen, muss sech d’Famill Simon nach emol engem Quiz stellen.

Esou vill Éiergäiz bleift natierlech net onbelount, déi ganz Famill gewënnt eng Rees op Kopenhagen.

Am Ganze 14 Familljemembere bréngen et fäerdeg kuerz virun de Feierdeeg mam Fliger an Dänemark ze fléien. Fir si ass dëst eng Première: d’ganz Famill eng Kéier komplett all zesummen ënnerwee ze sinn.

Mir hu kuerz virum Vol e klengen Iwwerraschungsquiz mat hinnen um Findel gemaach a wollte wëssen, ob sech d’Famill op dës Rees genee esou gutt preparéiert huet, ewéi op de Famillenduell.

Back to Top
CIM LOGO