World Happiness ReportD'Finne sinn och a Coronazäiten déi glécklechst Mënschen

RTL Lëtzebuerg
Och eng Corona-Pandemie ännert näischt drun, dass d'Finne glécklech sinn. Lëtzebuerg läit op der 10. Plaz.

An enger Ëmfro sinn et och dës Kéier d’Finnen, déi sech als déi glécklechst Mënschen op der Welt bewisen hunn. Si sinn op der Plaz 1 am “World Happiness Report”, deen d’Vereenten Natiounen an Optrag ginn haten. A dat scho fir déi 4. Kéier.

Op de Plazen 2 an 3 sinn Dänemark an d’Schwäiz gelant.

Et si virun allem europäesch Länner, déi d’Tabell uféieren. Just Neiséiland (9) huet et als eenzegt net-europäescht Land an d’Top Ten gepackt. Op der leschter Plaz ass Argentinien.

D’Awunner vun de 95 ausgewäerte Länner goufen zu hirer Liewensqualitéit befrot. Dobäi goufen d’Indicateure wéi de PIB pro Kapp, sozial Ënnerstëtzung, d’Erwaardung u gesonde Liewensjoren, d’Absence vu Korruptioun an d’Méiglechkeet fir eng fräi Decisioun ënnert d’Lupp geholl.

Back to Top
CIM LOGO