
“Haut, um Dag vu mengem Gebuertsdag, wëll ech Iech soen, datt et mir am Häerz net no feieren ass. Mäin Häerz ass bei Iech, a mat all deenen, déi an dësen Deeg géint d’Krankheet kämpfen, déi Angscht hunn, déi eleng sinn, déi méi schwaach sinn.”
Mat dëse ganz perséinleche Wierder riicht sech d’Grande-Duchesse op hirem Gebuertsdag un d’Leit zu Lëtzebuerg.
Den 22. Mäerz 1956 koum d’Grande-Duchesse zu Havana op Kuba op d’Welt. Si huet an der Schwäiz Politikwëssenschafte studéiert, wou si och de Grand-Duc Henri kennegeléiert huet. 1981 bestit sech d’Koppel. Si huet 5 Kanner.
D’Grand-Duchesse Maria Teresa setzt sech a ville Beräicher an, do zum Beispill géint d’Gewalt géint Fraen a Krichsgebidder. Enn Mäerz ass an deem Kader och een internationale Forum, deen op Initiative vun der Grande-Duchesse an d’Liewe geruff gouf. Si engagéiert sech awer och géint d’Aarmut an déi sozial Exklusioun.
