
An engem Video, deen e Méindeg verëffentlecht gouf, huet d’Greta Thunberg Merci gesot a versprach, déi Suen u verschidden Organisatiounen a Projeten ze spenden, déi sech mat Klimaschutz befaassen. Et wiere méi Suen, wéi si sech virstelle kéint, sou déi 17 Joer al Aktivistin. Vum Millioune-Präisgeld sollen deemno 100.000 Euro un d’Campagne “SOS-Amazonia” goen.
De Vertrieder vun der Jury vun der Stëftung Gulbenkian, de Jorge Sampaio, huet d’Auszeechnung domat begrënnt, dass d’Greta Thunberg et gepackt hätt, Millioune vu Mënschen iwwert déi ganz Welt fir d’Lutte géint de Klimawandel ze mobiliséieren.