Oktav 2024D'Groussherzoglech Famill op der Schlusspressessioun

RTL Lëtzebuerg
Op der Stater Schlusspressessioun am Sonndegnomëtteg waren och déi groussherzoglech an déi ierfgroussherzoglech Koppel present.
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

D’Ierfgroussherzogin Stéphanie an Ierfgroussherzog Guillaume haten och hir Bouwen, d’Prënze François a Charles, mat dobäi.

D’Zuelen, wat d’Participante vun der Oktav ugeet, wieren dëst Joer iwwerdeems nees héich gewiescht, a géifen och un déi viregt Joren uknäppen, esou d’Presidentin vun der Oktavkommissioun Renée Schmit.

De komplette Reportage iwwer d’Schlusspressessioun kënnt Dir am Reportage vum Diana Hoffmann nokucken.


Back to Top
CIM LOGO