D'Oktav koum mat der Schlusspressessioun no 2 Woche feierlech op en Enn.

E Sonnden de Mëtten um 15 Auer goung d' Mariestatue nees op Reesen. Sou wéi schonn zanter 385 Joer gouf si duerch d'Stroosse vun der Haaptstad gedroen. Een Ament, dee sech vill Gleeweger net huele loossen. Mat dësem Dag sinn dacks vill Erënnerunge verbonnen. "Schonn als Kand sinn ech d'Muttergottesoktav kucke gaangen. Se war Deel vu mengem Liewe vun Ufank un", erënnert sech de Paschtouer vun der Kathedral Tom Kerger. Trotz ville Leit um Dag vun der Schlusspressessioun huet d'Zuel vun de Mënschen, déi Interêt un der Relioun an der Oktav hunn, iwwer déi lescht Joerzéngten ofgeholl. Deem probéiert een entgéintzesteieren. "Mir hate vill nei Offeren", sot d'Presidentin vun der Oktavkommissioun, d'Renée Schmit. Dorënner Concerten, Konschtausstellungen oder e Friddensgebiet. Ma et wieren och dës kéier vill Saache fir Kanner ugebuede ginn, déi gutt gelaf wieren. Ënner anerem waren dat Kannerseenungen.

D'Oktav géing liewen a kéint nees, wat de Chiffer vun de Participanten ugeet, un déi viregt Joren uknäppen, sou d'Renée Schmit. Wärend der ganzer Oktav wieren dëst Joer d'Zuele ganz héich gewiescht. "Ech si wierklech ganz zefridden, dass et erëm richteg gräift", huet den Tom Kerger ugemierkt.

D'Wallfaart mat der Veréierung vun der Muttergottes gouf agefouert, fir d'Katholicken an hirem Glawen ze stäerken. Hinnen Halt ze ginn, deemools, wéi haut. "Se ass deemools vum Pater Jacques Brocquart 1624 agefouert ginn. Mir wäerten d'nächst Joer 400 Joer feieren», huet d'Renée Schmit erkläert. De Pater hat an Zäite vu Krich a Pecht ugefaangen, eng Wallfaart mat Studenten z'organiséieren. Duerch d'Gebiet hätten d'Leit och deemools eng Stäip gesicht.

Leschten Dag vun der Oktav bedeit awer och leschten Dag vum Mäertchen. Déi fréier Plaz um Knuedler huet de Foraine generell besser gefall. Ma et wier een awer zefridden sou de generellen Tenor. Um Wieder kéint ee jo näischt änneren. Eng lescht Kéier hunn d'Leit deemno hir Ronne bei der Gëlle Fra gedréint, ier d'Forainen e Sonndeg den Owend hir Stänn nees wäerten apaken.