DekolletéiertD'Heidi Klum weist op neister Instagram-Foto nawell vill Haut

RTL Lëtzebuerg
Zwou Wochen no hirer Hochzäit genéissen d'Heidi Klum an den Tom Kaulitz d'Sonn am Mëttelmier. Och den "Hans a Franz" kréien d'Sonn ze gesinn.
© Instagram / Heidi Klum

Mat enger neier Foto léisst d’Heidi Klum hir Fans un hirem Gléck deel huelen a léisst anengems ganz déif blécken - méi wéi Instagram u sech erlaabt. Do ass plakeg Haut, besonnesch Abléck an den Intimberäich guer net gär gesinn. Et dierf ee gespaant sinn, ob dem Heidi seng Brëscht, déi d’Model “Hans a Franz” gedeeft huet, online bleiwen.

Och wann e puer Kritiken net ausbleiwen, sinn déi meescht Reaktiounen awer positiv, et géif ee schliisslech nëmmen eemol liewen an dat soll ee genéissen.

Back to Top
CIM LOGO