
Den 20. Oktober 2012 gouf si mam Ierfgroussherzog Guillaume bestuet. D’Comtesse Stéphanie de Lannoy ass déi Jéngst vun am ganzen 8 Kanner.
Ufank Dezember zejoert war d’Schwangerschaft vun der Prënzekoppel offizialiséiert ginn. D’Gebuert vum nächsten Trounfollger, oder der Trounfollgerin, wier fir Mee geplangt.
