Gewënnerin vu GNTM 2020 zu LëtzebuergD’Jacky setzt op Lëtzebuerger Fotograf

Isabelle Henschen
Ufanks der Woch ass d’Jacky Wruck, Germany’s Next Topmodel 2020, op Lëtzebuerg komm fir e Fotoshooting beim Lëtzebuerger Fotograf Yves Kortum.
D’Jacky setzt op Lëtzebuerger Fotograf
Ufanks der Woch ass d’Jacky Wruck, Germany’s Next Topmodel 2020, op Lëtzebuerg komm fir e Fotoshooting beim Lëtzebuerger Fotograf Yves Kortum.

Enn Mee stoung et fest, d’Jacky Wruck ass d’Gewënnerin vun der 15. Staffel vun der Castingshow “Gemany’s Next Topmodel”. Dat 21 Joer aalt Nowuessmodel aus der Géigend vu Frankfurt steet elo ënnert Vertrag an der Modelagence vum Heidi Klum sengem Papp. Ufanks der Woch koum hat fir een Dag an de Fotostudio vum Yves Kortum.

Et ass net fir d’éischt, dass dës Agence seng Mannequinen op Lëtzebuerg schéckt. Den Yves Kortum schafft zënter 1992 als Fotograf an huet an de leschte 5 Joer reegelméisseg d’Finalistinnen aus der Sendung fotograféiert. D’Jacky brauch dës schwaarz-wäiss Fotoe fir säi Portfolio, dat heescht fir seng Modelmapp, déi hat de Clientë presentéiert.

Ob dës Fotoe “made in Luxembourg” dem Jacky hëllefen, op internationalen Niveau Succès ze hunn, wäert sech an de nächste Méint a Jore weisen.

Back to Top
CIM LOGO