
Et ass e Virfall, dee weltwäit fir Diskussioune gesuergt huet. Nodeems d’Reitpäerd vun der Däitscher Annika Schleu zu Tokio gebockt hat, soll d’Bundestrainerin Kim Raisner gesot hunn, “emol uerdentlech drop ze klappen”. Effektiv huet d’Schleu, déi an Tréinen opgeléist war, mat der Gert zougeschloen. D’Päerd ass zwar duerno gesprongen, huet awer och duerno nees gebockt an allebéid goufen disqualifizéiert. No dësem Dag gouf der Sportlerin an hirer Trainerin vun e puer Säiten Déierequälerei reprochéiert.
Wat geschitt elo mam “Saint Boy”? Dës Fro hu sech eng Partie Déierefrënn gestallt. Sou och d’The-Big-Bang-Theory-Schauspillerin Kaley Cuoco. Als grousse Päerdsfan huet si an de sozialen Netzwierker ugebueden, d’Déier ofzekafen. Op Instagram huet déi 35 Joer al Actrice an enger Story wësse gedoen: “Ech wäert dëst Päerd direkt kafen, fir him dat Liewen ze weisen, dat et verdéngt huet. Nennt just säi Präis.” De Virfall huet si iwwerdeems als “degoûtant” bezeechent an d’Schleu, wéi och hir Trainerin staark fir hiren Optrëtt bei den Olympesche Spiller kritiséiert. No hirem Post huet d’Cuoco betount, dass d’Offer duerchaus eescht gemengt wier.
An Däitschland huet antëscht och den Tierschutzbund agéiert an eng Plainte géint d’Reiderin Annika Schleu an d’Bundestrainerin Kim Raisner wéinst Déierequälerei a Bäihëllef zur Déierequälerei agereecht. An engem Interview mat der Zeitung “Die Zeit” huet sech d’Sportlerin géint d’Uschëllegunge gewiert a gesot, dass si sech kenger Déierequälerei bewosst wier.